Brithday-LAN 2024


Start: Samsteg, den 24.08. um 13:00
Enn: Sonndeg, den 25.08. um 12:00
Wou: Centre Culturel “Am Duerf” zu Jonglënster (8 Rue du Village, L-6140 Junglinster)
Ech kréien: Stroum, Internet, een Dësch, een Stull an Spaas
Ech brengen mat: PC an Bildschirm, Tastatur, Maus, Headset, Ethernet/Lan-Kabel, Multiprise, Schloofsaachen, Snacks an Gedrenks (no Bedarf)


RelanOn ass eng Lan-Party organiséiert vun RelyOn Esports a.s.b.l.. D’Ziel vun dësem Evenement ass et dir an denge Kolleegen eng Chance ze gi zesummen an engem offline Kader mateneen ze zocken an mat anere Spiller aus Lëtzebuerg an de Kontakt ze kommen.

Dest joer feieren mier 3 Joer dofier ass vun Mettes bis Owes fier Iessen an Drenken gesuergt.

All eis RelanOn’s si komplett gratis fir Memberen an erfuerdere just eng fréizäiteg Umeldung iwwert dës Websäit.
Fir Net-Memberen froen mir 10€ fir un dësem Event deel ze huelen.
Well d’Nuecht fir den Een oder Aneren och ze laang gëtt fir se ganz duerchzemaachen recommandéieren mir iech e Schlofsak an eng Loftmatrass matzebréngen.

Wann’s du Froen zur Umeldung oder aaner Themen solls hunn, sou kanns du dech gäeren bei eis am Discord mellen! (@Kiouji)